Expressversand / Coursiersservice
Mir suergen dofir, dass Är Sendungen ëmmer an iwwerall matzäiten ukommen.
Mir suergen dofir, dass Är Sendungen ëmmer an iwwerall matzäiten ukommen.
Mir suergen dofir, dass Är Sendungen ëmmer an iwwerall matzäiten ukommen.
Musst Dir kuerzfristeg e wichtegt Dokument oder e Pak verschécken, éier den Delai ofleeft? Mir liwweren zouverlässeg a matzäit all Zort vun Dokumenter a Päck zu Lëtzebuerg an an Europa.
Zu Lëtzebuerg selwer liwwere mir an engem Delai vu maximal 2 Stonnen.
Mir fuere reegelméisseg zentral Punkten un an assuréieren en Navetteservice tëscht Äre Filialen zu ofgemaachten Zäiten. Mir droen och Är Bréiwer un e festgeluechten Empfängerkrees aus a verwalten op Wonsch Är Bréifkëschten.
Mir stelle sécher, dass Är grouss Päck intakt iwwerall zu Lëtzebuerg ukommen.
Mir stelle sécher, dass Är grouss Päck intakt iwwerall zu Lëtzebuerg ukommen.
Dir musst vill Wäin liwweren, mee Dir wësst net wéi? Mir transportéiere voluminéis Päck vu bis zu 11 m³ a mat engem Gewiicht vu maximal 1.300 kggeschützt an eisem zouenen Unhänger.
Ob Commerce, Industrie, Dréckerei, Designstudio oder Wënzerbetrib – mir iwwerhuele fir Iech den Transport a garantéiere perséinlech, dass Är Sendung intakt beim Empfänger ukënnt.
Mir loosse fir Iech europawäit wichteg Dokumenter a Päck un Är Empfänger zoukommen.
Mir loosse fir Iech europawäit wichteg Dokumenter a Päck un Är Empfänger zoukommen.
Hutt Dir Äre Fürerschäin doheem leie gelooss a braucht en an der Vakanz?
Erwaart Äre Client a Spuenien séier eng wichteg Liwwerung aus Lëtzebuerg?
Mir stellen Är Päck a vertraulech Ënnerlagen europawäit an zu Lëtzebuerg perséinlech zou a suergen dofir, dass se beim Empfänger ukommen.
Mir liwweren europawäit voluminéis Päck vu bis zu 11 m³ a mat engem Gewiicht vu maximal 1.300 kg.
Är Virdeeler:
Mir transportéieren Är speziell Gefierer iwwerall an Europa.
Mir transportéieren Är speziell Gefierer iwwerall an Europa.
Dir wëllt Äre Sportsauto vu Lëtzebuerg op Monaco transportéieren? Mir loossen Ären Auto fachmännesch evaluéieren a bereeden e fir den Transport an d'Ausland vir.
Fir de sécheren Transfert ze garantéieren, benotze mir oppen oder zouen Unhänger, déi speziell fir den Transport vu Gefierer gëeegent sinn.
Mir mellen Ären neien oder gebrauchten Auto un a këmmeren eis fir Iech ëm de järleche Contrôle technique.
Mir mellen Ären neien oder gebrauchten Auto un a këmmeren eis fir Iech ëm de järleche Contrôle technique.
Dir musst Ären neien Auto umellen an hutt awer wärend den Ëffnungszäiten ni Zäit, selwer bei d’SNCA ze fueren? Mir këmmeren eis ëm d'Umelle vun Ärem Auto an hëllefen Iech gär bei de Formalitéiten ronderëm den Import an Export vun all Zort vu Gefierer. Mir fueren och all Joer fir Iech mat Ärem Auto an de Contrôle technique (SNCT) an iwwerreechen Iech perséinlech d'Certificaten.
Mir maachen Är Bréifkëscht eidel a bréngen Iech Äre Courrier, wéini dir et wëllt.
Mir maachen Är Bréifkëscht eidel a bréngen Iech Äre Courrier, wéini dir et wëllt.
Mir fuere moies fir Iech op d'Post a maachen Är Bréifkëschten eidel oder huelen Är Bréiwer a Päck, déi per Recommandé verschéckt goufen, fir Iech entgéint. Owes huele mir de Courrier, deen Dir verschécke wëllt, perséinlech bei Iech of a bréngen en op d'Post.
Zousätzlech kënne mir eis och gär all Dag ëm d'Frankéiere vun Ärem Ausgangscourrier këmmeren.
Eis Liwwer- an Ofhuelzäite sinn dobäi flexibel – mir riichten eis no Äre Geschäftszäiten a passen eis Prestatioun un Är individuell Besoinen un.
Mir këmmeren eis ëm all Är Ugeleeënheeten a Saache Beglaubegung an Apostille vun offiziellen Dokumenter.
Mir këmmeren eis ëm all Är Ugeleeënheeten a Saache Beglaubegung an Apostille vun offiziellen Dokumenter.
Mir garantéieren Iech deeglech Faarten op den Ausseministère sou wéi eng séier Beaarbechtung vun Ären Demanden an Apostillen.
Mir suergen och dofir, dass Dir Äre Visa kritt, a garantéieren d'Beglaubegung duerch Notairen, Ministeren an Ambassadeuren. Op Demande fuere mir och fir Iech op Konsulater an Ambassaden am Ausland.
Dir plangt eng méi laang Rees an d'Ausland an hutt awer keng Zäit, Iech ëm d'Visasufro oder d'Beglaubegung vun Dokumenter ze këmmeren? Mir maachen dat ganz einfach an Ärer Plaz. Vum Ofhuele vun den Dokumenter bei Iech doheem, iwwer d'Demarchë bei den Administratioune bis zu der Liwwerung vun den nei ausgestallten Dokumenter: Mir iwwerhuelen de ganze Prozess an Ärer Plaz, sou dass Dir Iech entspaant op d'Plange vun Ärer Rees konzentréiere kënnt.
Eis Servicer:
Service „Apostille/Beglaubegung“
Viraschreiwung (neie System säit 03.09.2018)
Wat mir fir Iech maachen:
Opgepasst:
Mir kënnen Iech keng genee Informatiounen iwwert de Beaarbechtungszäitraum ginn, well dëse vum Ausseministère verwalt gëtt a mir keen Afloss dorop hunn.
Mir iwwerhuelen d'Käschte beim Ausseministère fir Iech a facturéieren Iech déi da weider.
Zanter dem 16.08.2019 gëllt dat fir all d'Dokumenter mat digitaler Signatur, z. B. fir d'Extraiten aus dem Registre de Commerce:
De Büro fir Päss, Visaen a Legalisatiounen huet d'Ufro vun digital signéierten Dokumenter fir d'Beglaubegung/Apostille vereinfacht.
All déi digital signéiert Dokumenter (z. B. Extraiten aus dem Registre de Commerce) mussen iwwert d'Online-Prozedur digital ugefrot ginn.
Schéckt eis wgl. per E-Mail d'PDF-Datei vum digital signéierten Dokument a gitt d'Land un, fir dat Dir eng Beglaubegung/Apostille ufroe wëllt. Eis E-Mail-Adress ass: info@multiservices.lu
Mir gi fir Iech op d'Administratiounen a reechen Är Dokumenter matzäiten eran.
Mir gi fir Iech op d'Administratiounen a reechen Är Dokumenter matzäiten eran.
Mir reechen Är Dokumenter an den Delaie bei der Steierverwaltung (ACD), AED a beim LBR eran. Als zousätzleche Service iwwermëttele mir fir Iech Är méintlech oder järlech TVA-Erklärungen un d'Steierverwaltung a loossen eis d'Receptioun vun den Dokumenter bestätegen.
Mir sinn zënter 2002 zu Lëtzebuerg an a ganz Europa ënnerwee, fir Är Sendungen ze iwwermëttelen an Är administrativ Ugeleeënheete fir Iech ze reegelen. Als Lëtzebuerger Entreprise si mir Deel vun der Initiativ „Made in Luxembourg“. Nieft den übleche Coursiersservicer sinn et virun allem Är speziell Opträg, déi Multiservices vun aneren Transportfirmaen ënnerscheet. Ob Blummeliwwerungen op Veranstaltungen, d'Ofhuelen um Fluchhafen oder den Transport vu Sportsautoen an Europa: Mir si flexibel a spontan, a passen eis Servicer un Är individuell Besoinen un.
De perséinleche Kontakt zu eise Clienten ass eis dobäi besonnesch wichteg. Vill vun eise Cliente schaffe säit Jore mat eis zesummen. Si appreciéieren eis onkomplizéiert an zouverlässeg Servicer an eisen diskreeten Ëmgang mat hire vertraulechen Dokumenter. Rufft eis un an iwwerzeegt Iech selwer.
Wëllt Dir méi iwwert eis Offeren a Servicer gewuer ginn? Da schreift eis eng E-Mail oder rufft eis un.
D'Adress vun eisem Siège ass eng aner, wéi déi vun eiser Entreprise. Dir fannt eis hei:
Siège:
MultiServices Express Delivery (S & S MultiServices S.àr.l.)
4, rue Robert Bruch
L-1267 Lëtzebuerg
Geschäftsadress:
MultiServices Express Delivery (S & S MultiServices S.àr.l.)
93A, rue des Pommiers / L-2343 Lëtzebuerg
152, rue de Trèves (Afaart)
L-2630 Lëtzebuerg
Boîte postale:
MultiServices Express Delivery (S & S MultiServices S.àr.l.)
Boîte postale 4060
L-1040 Lëtzebuerg
Tel.: +352 / 26 383 883
Fax: +352 / 26 383 884
E-Mail: info@multiservices.lu